Skinny J & Turnup Tun

Friday June 1st at 20:30

(release party - hip hop)

Den 1. Juni ass et sou wäit, de Skinny J & Turnup Tun bréngen hieren éischten Album « Frësche Wand » eraus. 

Am « Gudde Wëllen » wärten sie déi nei Lidder, zesumme mat der Stayfou Gang, presentéieren. Eppes ass sécher : et wärt eng Party ginn, déi een sech besser net entgoe léisst !

Nach nie virdrun huet Rap op Lëtzebuergesch sou modern a frësch geklongen. 

2 Joer hunn de Skinny J an den Turnup Tun um perfekte Sound geschafft, un all 808 gefeilt an Texter geschriwwen, bis Alles perfekt ass. 

Frësche Wand steht op där enger Säit fir de freshe Sound um Album, deen et an där Form nach net zu Lëtzebuerg gouf. Op där anerer Säit steht Frësche Wand och fir en Embroch an der lëtzebuerger Rapszeen. 

2018 klengt Rap net méi sou wéi 1992, an dat wärten de Skinny J & Turnup Tun den 1. Juni am Gudde Wëllen beweisen !
________________________________________________________

Support Act: StayFou
________________________________________________________

DIeren: 20h30
Show: 21h00
Entrée 10€ + Album inclus

More info > https://www.facebook.com/events/161738267827466/