Public viewing “routwäissgro”

Sunday
- 19.05

(Public viewing)

Doors  18:00

Free entry

18h30: “Ad vitam aeternam” Fränk Grotz

19h00: “Schwësteren” Eric Lamhène  

versions originales sous-titrées en français  

 

——————————————————————————————————————————————————————


:: LU ::

 

“Ad vitam aeternam” Realisatioun: Fränk Grotz

De Mario ass Taxidermist, also Déierepräparator. Mat sengem Handwierk dat oft nach als “Opstoppen” bezeechent gëtt, erwächt hien déi verschiddensten Déieren nees zum Liewen a mécht aus hinnen eng Juegdtrophee, en Objet fir Schoulen oder eng Dekoratioun. Wéi kënnt een zu dëser seelener Beschäftegung? Wéi ass dem Mario säin Aarbechtsoflaf? Ass en Taxidermist deen düstere Personnage deen ee sech virstellt? Wat ass säin, mee och eist Verhältnis zu den Déieren? Vu sengem onheemlechen Atelier, iwwert seng entspaanten Taxidermie-Coursen am Lycée bis hin zu sengem Familljeliewen, sinn d’Éiwegkeet, den Doud an d’Grenz zum Makaberen Themen déi de Mario reegelméisseg beschäftegen. Seng aussergewéinlech Aktivitéit stellt säi Jugement an dee vum Beobachter op d’Prouf.

 

★★ “Schwësteren” ★★ Realisatioun: Eric Lamhène

D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin an d'Mère Supérieure vun den apostolesche Schwësteren vum Centre Spirituel du Cents. Si ass zanter enger Rei Joren zu Lëtzebuerg, wou si sech mat deenen anere Schwësteren ëm eng Congregatioun vu Gleewegen këmmert. Als Missionärin gesäit si hier Famill quasi ni, ëmsou méi frou ass si dass hier richteg Schwëster, d'Unidad, als kontemplativ Nonn mat hir am selwechten Klouschter lieft - och wa si just kënnen duerch e Gitter matenee kommunizéieren. "Schwësteren" ass eng Episod iwwert Famill, Léift a Sacrifice, déi en intime Bléck hannert d'Maueren vun engem Klouschter werft.

 

Diffusions RTL:
"Ad vitam aeternam": Sonndeg 19. Mee um 19:00

"Schwësteren": Sonndeg 9. Juni um 19:00

:: FR ::

 

“Ad vitam aeternam” Réalisation: Fränk Grotz

Mario est taxidermiste, ou naturaliste. Par son métier, souvent encore décrit comme “empailleur”, il fait revivre les animaux les plus divers et en fait des trophées de chasse, des objets d’études ou de la décoration. Comment arrive-t-on a cette occupation rare? Quelles sont les différentes étapes de ce travail? Le taxidermiste est-il le sombre personnage que l’on imagine? Quel est son rapport - et le nôtre - aux animaux? De son atelier intimidant en passant par ses cours de taxidermie décontractés au lycée jusqu’à sa vie de famille, l’éternité, la mort et la frontière avec le macabre sont des sujets qui préoccupent régulièrement Mario. Son activité exceptionnelle met au défi son jugement et celui de l’observateur. 

 

★★ “Soeurs” ★★ Réalisation: Eric Lamhène

Maria de Pentecostes est une jeune missionaire argentine et la Mère supérieure des soeurs apostoliques du Centre Spirituel du Cents. Elle vit depuis plusieurs années au Luxembourg, où elle s'occupe d'une congrégation de croyants. Comme missionaire, elle ne voit sa famille que très rarement. Elle est donc d'autant plus contente que sa vraie soeur, Unidad, vit au même couvent qu'elle, en tant que soeur contemplative - même si elles ne peuvent communiquer qu'à travers des barreaux. "Soeurs" est un épisode qui traite de la famille, de l'amour et du sacrifice, et jette un regard intimiste derrière les murs d'un couvent.

 

Diffusions RTL:
" Ad vitam aeternam ": Dimanche 19 mai 2019 à 19h00

"Soeurs" : Dimanche 9 juin 2019 à 19h00