Jemp Schuster - Bluttsëffer

Wednesday
- 28.10

(Liesung / book presentation)

Liesung am Gudde Wëllen

Ufank um 20:00

2x30 Minutten mat Paus

fraien Entree (w.e.g. per mail reserveiren - info@deguddewellen.lu)

——————————————————————————————————————————————————————

Aus dem neie Roman 

BLUTTSËFFER

vum Jemp Schuster

Déi eng schreiwen alles op, Dag fir Dag, Hefter voll, leeën déi Hefter op d’Säit a paken se ni méi un. Déi aner hunn all Erënnerungen am Kapp. Déi kann een zu all Zäit unzapen, wéi e vollt Faass. Et wonnert een sech dann, wou déi Datumer, déi präzis Beschreiwunge vun de klengsten Detailer gespäichert waren. Kann een deenen Extrakter trauen? Wat ass wouer a wat ass erfonnt?

Am 1. Band, BLUTTSËFFER, stinn d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg am Mëttelpunkt. An de Joren 1905 bis 1951 hunn d’Fraen net vill an der Männergesellschaft ze soen. Et sinn awer just si, déi alles um Lafen halen.

Den 2. Band, OUERESCHLËFFER, kënnt am Fréijoer 2021 eraus. E beschreift den Ënnergank vun där Duerfkultur, an de Joren 1952 bis 2005.

- Editioun Imprimerie Centrale

Facebook Event >> https://www.facebook.com/events/711650119768702/