DE LÄB - PIISCH AM A PARTY

Saturday April 29th at 21:00

(concert - hip hop)

- SOLD OUT - (Reservations stopped. A few last tickets at the doors.)

De Läb luet dech ganz häerzlech op eng ganz intim Party an. Mär wäerten eise schéinste Pyjama auspaken an an den Hausschlappen de Gudde Wellen onsécher maachen, well schliisslech feiere mer jo 10 Joer De Läb an sou...

En klengt Gedicht...
(doubletime 70 bpm)
Dëst ass destinéiert un an all déi schéi Mënschen déi onse Parcours säit laangem begleeden an ons Musek och matsange kënnen
a ganz genau doduerch dierf Dier da Lidder och aus enger Lëscht, déi mer Iech nach matdeele vum Owend selwer bestëmmen
(90bpm)
An fir eng schéi Party brauch een natierlech och nach ëmmer eng kleng Surprise
wéi wär et mam leschten Album de KALE BAUER op VINYL als zousätzlech Release
mär wäerten eis al Famillen-Fotoen ukucken an eng Kësseschluecht maachen
a bleif och bis d'After da léisst den DJ BLUEPRINT nach déi fäinsten Tracks um Plackespiller lafen!!!!

+ SPECIAL PRÄISSER fir de schéinste Pyjama, awer sécher dat!!!

INFO:
--->Line Up: De Läb & DJ Blueprint
--->Entréespräis: 10,00€ (reservéier der däin Ticket schnell opwww.deguddewellen.lu, limitéiert Kapassitéit)
--->KALE BAUER VINYL nëmmen fir 20€ deen Dag ze kréien
--->Dresscode: Pyjama/Nuetshiem/Plakeg + gutt Laun!
--->BAND MERCH ass och dispo
--->méi Infos ganz geschwënn